Iwwert ons, SIPEL

Eise Betriib as hierstelleronofhängeg an vun den Propritären selwer gefouert.
Mir bidden professionellen Uwänner aus em Commerce, Handwierk an der Industrie niewt engem gudd duerchduechten Wuerensortiment, qualitativ héichwäerteg Produiën mat héicher Liwerbereedschaft, och en grousst Wëssensspektrum un.

Wëssen bedéit fir eis:

Aner Weër ze goën.

Duerch eng laangjähreg Zesummenarbecht mat deenen déi den Marché uféieren an deenen déi zur Innovatioun bäigetroën hun, sin eis Erkenntnisser an eis Erfahrungen sou gewuess, datt mer déi technesch Entwécklung Beobachten an se kritesch Beurdeelen. Dëst erlaabt eis d’ Produkter an hiere Gebrauch am Fong ze kennen.

Dobäi kënnt, datt och eng speziifesch Produktioun vu Kabelen, Luuchten a Biiren individuel an op Wonsch
méiglech as.

Mat dësem Know-How huet eisen Klient an all Situation dat beschtméiglecht Produkt bei engem korrekten Präis- / Leeschtungsverhältniss.

Informatiounen ze sammelen an se weider ze gin.

Nët nëmmen d’Wëssen vun eisen Mataarbechter halen mer laafend op engem héichen Niveau, mä mir bidden och Weiterbildungskueren an Informationsversammlungen fir eis Klientel an eis Partner un.

Mir weisen awer och drop hin, datt mer op der technescher Héichschoul zu Saarbrécken eist Wëssen vermëttelen an dat am Fachberäich Architektur-Beliichtungstechnik.

Eis Präsenz am Internet, mat eiser Newsäit, dengt awer och als Forum fir déi neidsten Entwécklungen an Tendenzen am techneschen Beräich: eng Iddi weider.

Vum Handel iwwert d Handwierk  an d Industrie

Eise Betriib as hierstelleronofhängeg an vun den Propritären selwer gefouert.
Mir bidden professionellen Uwänner aus em Commerce, Handwierk an der Industrie niewt engem gudd duerchduechten Wuerensortiment, qualitativ héichwäerteg Produiën mat héicher Liwerbereedschaft, och en grousst Wëssensspektrum un.

Eis Servicer

Entdeckt d’Servicer vu SIPEL, spezialiséiert op Liicht a Kabelen. Fir méi wéi 60 Joer

Beliichtung

Konschtart an Kultur –ëffentleche Plazen a Parken – Monumenter an historesch Gebaier – Hôtellerie an Wellness – Spideeler an Ariichtungen fir Betreiung – Edukatiouns- a Sportinfrastrukturen – Büroen an administrativ Gebaier – Industrie an Handwierk – Shop an Showroom – Privat Haiser a Fräizäitariichtungen

intelligent Beliichtungskonzepter a Liichtmanagementsystemer

Kabelen

fir Gebai- / Industrieverkabelong an Infrastrukturen: Stroumverdeelung bis 65kV – Telekommunikatioun an Daten (iwwer Koffer oder Glasfaser) – Audio, Video, TV – Eegeschafte: héich flexibel, verlängert Haltbarkeet, extrem Temperaturen, chemesch Resistenz. Fabrikatioun no Ufuerderunge vum Client.

Äre virtuelle Stock.

Projet-Aktivitéiten

Mir suivéieren a kucken no Ärem Projet, suergen fir Liwwerungen an techneschen Support, hëllefe bei der Inbetriebnahmung a këmmeren eis ëm Är Bedierfnesser am Sënn vun der After-Sales Support.

Projeen zënter 1999

Clienten